Lauschterbuch op Lëtzebuergesch

D’CD ass do! Den Harry Potter an den Alchimistesteen

Den Harry Potter an den Alchimistesteen
vum J.K. Rowling

gelies vum Steve Karier

An d’Lëtzebuergescht iwwersat vum Florence Berg
Kairos Edition, Luxembourg, 2019

Ongekierzt Opnam vum ganzen Text ca. 8 Stonnen
Hörbuch, 2 Discs mp3,  ISBN 978-2-919771-08-0     € 38.50

De Welt-Bestseller vum J.K. Rowling gëtt et elo als CD op Lëtzebuergesch; d’Lauschterbuch gëtt vum Steve Karier mat vill Humouer gelies, op eng Manéier, déi Grouss a Kléng virwëtzeg mecht.

Den éischte Band vun den Aventure vun deem berühmte jonken Zauberer ass vum Joseph Reisdoerfer folgendermoosse charakteriséiert ginn:

E flotte, modernen Text, de méi ass wéi eng Iwwersetzung vum bekannte Roman vum Joanne K. Rowling : Hei hu mer och eng Beräicherung vun der Lëtzebuerger Jugend- a Kannerliteratur.

D’Lecture vum Steve Karier adresséiert sech net nëmmen un all déi Jonk, déi den Harry Potter nach net kennen, mee och un déi, déi hie schons laang kennen, mee nach ëmmer drop gewaart hunn, op Lëtzebuergesch mat him kënnen ze zauberen — a ganz allgeméng u jidfer Frënd vun der Lëtzebuerger Literatur. D’Lecture ass nämléch och fir déi Erwuessen, déi net méi am Zauberalter sinn, e renge Genoss!

Sidd Dir fiirwëtzég? Da klickt hei ënnen fir éng Lauschterprouf

.