Den Harry Potter an den Alchimistesteen

von J.K. Rowling
gelies vum Steve Karier
Aus dem Engleschen an d’Lëtzebuergescht iwwersat vum Florence Berg

Hörbuch / Lauschterbuch
Gesamdauer vun der ongekierzten Opnam: 9h 36min
ISBN 978-2-919771-08-0    € 38,50

Auszug aus dem 17. Kapitel

Den Harry Potter hat ëmmer geduecht, hie wär ee ganz normale Bouf. Dat huet sech vun
engem Dag op deen anere geännert: Wéi hien eelef Joer al gëtt, kritt hien op ee Mol eng ganz
Rëtsch Bréiwer, an deene steet, datt fir hien eng Plaz an Hogwarts, der Schoul fir Hexerei an
Zauberei, reservéiert ass. A wéi dunn och nach ee freeschlech staarke Ris beim Harry
opdaucht, ginn d’Aen him op: Hie mierkt, datt hien, grad esou wéi seng verstuerwen Elteren,
ee berühmten Zauberer ass. Mee knapps ass den Harry an Hogwarts ukomm, du mierkt hien
och schon, datt net jiddwereen d’selwecht frou ass iwwer seng Präsenz. An den Harry Potter
kritt et mat engem mächtege Géigespiller ze dinn …

Auszug aus dem Lauschterbuch:

Esou eppes wéi dëse Mann war nach ni virdrun an der Kellechholzstrooss gesi ginn. Hie war grouss, dënn a ganz al, wat een aus senge sëlweregen Hoer a sengem Baart schléisse konnt, déi allenzwee laang genuch ware fir se an d’Ceinture ze stiechen. Hien hat e laangt Gewand un, eng purpurfaarwe Pellerine, déi iwwert de Buedem geschleeft ass, a Blockstiwwele mat héigen Talleken. Seng blo Aen hunn hell geliicht a gefonkelt hannert sengem Hallefmoundbrëll. Seng Nues war zimlech laang a kromm, wéi wa si op d’mannst zweemol gebrach wier. Den Numm vun dësem Mann war Albus Dumbledore.